Rotary Club Dikrich-Ettelbréck: Remise des Chèques vum Rotary Castle Tour

Mir waren zu 11 Memberen vum Rotary Club Dikrich - Ettelbréck bei der Scheckiwwerreechung vum 13te Rotary Castle Tour fir Oldtimer bei eisem Haaptsponsor CapitalatWork. Dräi Associatiounen hunn hir Schecken iwwerreecht kritt. Dat woren de Liewenshaff mat 7500 EUR, d'AVR mat 5000 EUR an d'ALAN och mat 5000 EUR. D'Representanten hunn d'Wichtegkeet an d'Verwendung vun eisen Don'en ënnerstrach. Eise President Germain Schmit huet senger Säits erkläert, dass de Castle Tour, deen all Joer de leschte Sonnden am Juni statt fënnt, bei wäitem de wichtegsten Evenement fir eise Rotary Club ass an eis soumat erlaabt déi verschidden Associatiounen op eng signifikant Manéier ze ënnerstëtzen. De Rotary Club Dikrich - Ettelbréck seet CapitalatWork, déi duerch d'Hären Claude Eyschen a Jean Schmitt vertrueden waren,  villmools Merci fir hiren Sponsoring iwwert déi vill lescht  Joren.