Konveniat vun der Ackerbauschoul

Op Initiative vum Urbain Muller, Richard Marx an Pierre Tockert hun sech dest Jâr d'Komeroden vun der Ackerbauschoul aus de Jâren 1953-1955 zu Bascharage eremgesinn.

Wei Zäit vergeet, d'Kalennerjâre gin eriwer an emsou leiwer gesäit een sech all Jâr gären erem.

Leider war nees festzestellen, dass d'Zuel um Konveniat ofhellt, d'Ursach ass bekannt!

Bei engem gudde Mettegeessen an der "Beierhâscht" koum eng kollegial Stemmung op, wou mir iis u vill schei Momenter aus der Schoul, dem Berufsliewen an de Pensiounsjâren konnten erenneren.

Beim Aeddi soen hun sech all gewenscht a gehofft daat nächst Jâr nees gesond a monter derbei ze sen.


Text a Foto: Urbain Muller