50. KOLPING-FRIDDENSWANDERUNG AN DER SCHWÄIZ

20 Member vu Kolping Lëtzebuerg waren zu Sarnen (CH)

Vum 15. – 18.06.2017 war déi  50. International  Kolping-Friddenswanderung zu Sarnen an der Schwäiz. 20 Member vu Kolping Lëtzebuerg waren dohinner komm, sief et mam Auto, Minibus oder mam Zuch. Zesumme mat ronn 250 Kolpingsfrënn aus der Schwäiz, Däitschland, Polen, Litauen, Tschechien, Rumänien, Südtiroul an Éisträich hu mir un engem ofwiesslungsräiche Programm während deene 4 Deeg deelgeholl. Donneschdes owes war d’Eröffnungsmass an der Kollegikierch zu Sarnen. Duerno huet d’Gemeng vu Sarnen den Aperitif offréiert an uschléissend war d’Owesiessen an der Aula Cher, mat der Ouverture an der offizieller Begréissungsried vum Erwin Heymann, dem President vum Organisatiouns-komitee. Freides moies nom Kaffi, war den Treffpunkt bei der Aula Cher, fir d’Verfleegung an den Depart fir déi 1. Wanderung vun 12 km vu Sarnen iwwer Flüeli rem zréck op Sarnen. Ënnerwee war eng Statioun beim Graaf vum Brudder Klaus an der Porkierch vu Sachseln, wou eng Begréissung mat enger klenger Besënnung, déi vum Bruder-Klausen-Kaploun Josef Rosenast gehaale gouf. Mëttegiesse war zu Flüeli an der Sportshal Flüelimatte. Et hat een d’Méiglechkeet fir d’Gebuertshaus an d’Wunnhaus vum Brudder Klaus do ze gesinn, oder och nach ee Besuch am „Ranft“ mat der Kapell mat Zell ze maachen, mat engem Héichtenënnerscheed vun 100 m a bis zu 20prozenteger Steigung. Wéi mir erëm zu Sarnen ukomm sinn, war d’Iessen an der Aula Cher verbonne mat engem klengen Ënnerhalungsowend vun der Kolpingsfamill Sarnen. Samschdes nom Kaffi war dunn den Depart vun der 2. Wanderung ronderëm Sarnen. De Paschtouer Josef Brunner huet d’Morgenlob an der Kapuzinerkierch gehaal an duerno goung et weider via Ennetriederwald, Kernmatt bis Kägiswil an eroof, laanscht de Floss Sarner Aa zréck op Sarnen. Géint Mëtteg si mir no gudden 8 km ukomm, wou mir gläich zu Mëtteg giess hunn. Owes war dunn d’Ofschlossmass an der Kollegikierch zu Sarnen, déi vun eisem Präses vu Kolping International, dem Msgr Ottmar Dillenburg, gehaale gouf, mat enger ergräifender  an treffender Priedegt. Duerno stoung d’Owesiessen um Programm mat Éierunge fir verdéngschtvolle Kolpingswanderer, mat engem onverwüstleche Paul Schwartze vu Bochum-Gerthe, deen déi 50 Friddenswanderungen alleguer matgemaach huet. Wéi et Traditioun ass, gëtt och deen Owend de wäisse Fändel vun der Friddenswanderung un den Organisator vun 2018 weiderginn. D’nächst Joer ass déi 51. Friddenswanderung zu Schirgiswalde a Sachsen. Bis spéit an d’Nuecht war Musek an Danzen ugesot. Sonndes moies war nach een Zousazprogramm mat enger Wanderung op dem Adolph-Kolping-Besënnungswee vun Hochdorf op Baldegg. Zënter 2009 besteet dëse Wee vu 5 km. 9 Statioune mat Zitater vum Adolph Kolping a Bibeltexter inspiréiere fir nozedenken oder/an ze meditéieren.  De Wee féiert duerch eng kleng hiwweleg Landschaft am Luzerner Seetal. Mëttespaus war op dem Sonnenhof, ee Bio-Bauerenhaff vun der Famill Meier, déi  Membere vun der Kolpingsfamill Hochdorf sinn. Schluss war an der "Institutskirche" vum Klouschter Baldegg mat engem besënnlechen Ofschloss am Andachtsraum. Och fir eis Lëtzebuerger Membere vum Kolping goung domadder d’Rees an d’Schwäiz op een Enn. Et war eng flott a gutt organiséiert Friddenswanderung 2017, a villäicht ass deen een oder aneren d’nächst Joer zu Schirgiswalde erëm mat derbäi.

Text: Schmitz Fons

Foto: Wagenbach Jürgen (CH)