GANZ VILL AARBECHT FIR DE KOLPING FEELEN


Pandemie gouf ganz gutt iwwerstaan

Fir d’Generalversammlung haten sech ganz vill Member vum Kolping Feelen, souwéi och en etlech Invitéeën afonnt, déi de President Fons Schmitz um Ufank a senger Usprooch konnt begréissen. Éier dee ganze Programm an Ugrëff geholl gouf, ass eng Gedenkminutt ageluecht ginn, fir deene verstuerwene Kolpings- a Familljememberen,. souwéi och Frënn a Bekannten ze gedenken.

Als éischt konnt de President de Buergermeeschter Fernand Mergen a säi Schäffen Dan Wilmes begréissen an der Gemeng ee grousse Merci ausschwätze fir déi finanziell a materiell Ënnerstëtzung an Hëllef am vergaangene Joer. Fir all Probleem ass ëmmer eent oppent Ouer op der Gemeng. Och vum Gemengenpersonal an de Gemengenaarbechter gëtt ganz vill Aarbecht fir eis Feelener Veräiner geleescht. Ee weidere Merci goung un d’Christianne Mergen, dat zënter senger Zäit am Gemengerot bei eis am Kolping als Membre-sympathisant gefouert gëtt, duerch seng Cotisatioun, souwéi säin Interessi um Schaffe vum Kolping Feelen, an dat alles am Sënn vum Benevolat. Vum Kolping Zentrum war d’Presidentin, d’Annette Schroeder bei eis komm. D’Annette krut ee Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht zwëschen deenen 2 Kolpingsfamillen hei zu Lëtzebuerg. Vun der Kolping-Lëtzebuerg-Asbl war et d’Marie-Jeanne Brauch, d’Nationalpresidentin, déi vum Feelener President ganz häerzlech begréisst gouf. Virun engem Joer huet d’Marie-Jeanne sech misse vertriede loossen, bedéngt duerch een onglécklechen Onfall, a wou de Moment awer d’Zeeche gutt stinn, fir erëm sou séier wéi méiglech op d’Been ze kommen. D’Marie-Jeanne huet all d’Projet’en, international, wéi national ënnert senge Fittichen, souwéi och d’Relatioun mat méi héijen Instanzen, fir datt alles realiséiert gëtt, do wou Kolping Lëtzebuerg seng Ënnerstëtzung ugebueden huet.

Och seng Feelener Kolpingsmemberen huet de President nitt vergiess an hinnen, souwéi och der Containeréquipe, villmools Merci gesot fir dee groussen Asaatz am vergaangene Joer, sief dat bei der Feier bei der Grotte, dem Adventseessen oder och nach der Ierzenzopp, souwéi bei sämtleche Manifestatioune vun der Gemeng. 2 nei Member hunn sech ab dësem Joer bei eis gemellt, fir eng Hand mat unzepaken: d’Jacky Schreiner an de Carlo Hoffmann, deen eis hëlleft d’Container eidel ze maachen, nodeems d’läscht Joer, kuerz no eiser Generalversammlung, de Berns Jang eis fir ëmmer verlooss huet an dee bei eis ëmmer a gudder Erënnerung wäert bleiwen.

An dem Aktivitéitsrapport vum Sekretär ass op eent schaffensräicht Joer zréckgekuckt ginn: 145 mol war d’Containerequipe op der Rull, 3 Kommitee- an 2 Memberversammlungen, 4 Begriefnisser a 16 aner Aktivitéiten (ë.a. Adventseessen, Ierzenzopp, International Friddenswanderung zu Maribor a Slowenien, Ausfluch Grottes de Han, Aktioun Aalt Gezei, Nationalfeierdag a Journée de Commémoration Nationale). Och gouf am Abrëll ee Scheck vu 5000 € un d’Amicale vun den Ettelbrécker Pompjeeën iwwerreecht fir hir Hëllef fir d’Ukrain. Um Programm fir 2023 ass och schonns ganz vill virgesinn: ë.a.: vum 18.-21.05. déi 54. International Friddenswanderung zu Aschendorf (D), Feiere fir de Nationalfeierdag an d’Journée de Commémoration Nationale, Mass am Fräien op Maria Himmelfahrt (14.8.), Aktioun Aalt Gezei (22.+23.09.), Adventseessen (17.12.), Ierzenzopp (13.01.2024), Trëppeltour (23.07.) a Kolpinggedenkdag.

Am Bericht vun der Keess huet d’Marie-Jeanne Berns-Ries d’Zuele presentéiert, d’Recetten an Depensen, an och de Stand vun der Keess gesot. Et kann ee vun engem positive Resultat schwätzen, wat 2022 ugeet, an dofir sinn och am Laf vun dësem Joer e puer Scheckiwwerreechunge virgesinn, fir sou och un déi ze denken, déi un eis Hëllef ugewise sinn.

Am Numm vun de Keeserevisoren huet d’Marianne Hentges-Audry (de Camille Braun war am Ausland) dem Jeanny Berns eng mustergülteg Féierung vun der Keess bescheinegt an dofir och Decharge gefrot. Ab dem nächst Joer ersetzt d’Maria Cuscito-Milano de Camille Braun, deen dat Amt wärend deenen 3 läschte Joer ausgefouert huet.

De Jean-Marie Bormann huet um Ufank vum Joer seng Demissioun als Responsabele vun der "Région Nord" vun der Aktioun Aalt Gezei (AAG) ginn, an dofir och säi leschte Rapport gemaach. De Containerleit, souwéi alle Memberen, déi bei der AAG gehollef hunn, huet hien ee grousse Merci gesot. Et wär nitt einfach déi 4 Sitten: Réiden, Wooltz, Klierf an Ettelbréck ouni d’Hëllef vun all eenzele Member ze geréieren. Déi ganz Organisatiounsaarbecht huet de Jean-Marie vun Dezember 2010 gemaach, an elo misst hie méi op d’Gesondheet oppassen. Ersatz ass fonnt ginn: d’Nicole Schmitz-Freichel mécht de Planning vun de Containerleit, an de Fons Schmitz iwwerhëlt d’Organisatioun vun der AAG. Am Numm vun alle Membere krut de Jean-Marie ee Merci gesot, fir seng wäertvoll Hëllef bei der Opstellung vun der AAG. De President huet de Memberen och nach puer markant Chiffere presentéiert : Eng kleng Statistik vun der Containerwuer, déi eis Feelener Memberen op hiren Tier aus de Container eraushuelen. Do gëtt och ëmmer méi festgestallt, wéi vill Dreck do an de Container vun de Leit entsuergt gëtt, wat näischt mat Kleeder, Schong oder soss Textilien ze dinn huet. Do falen zwëschen 10 – 25 % Dreck un, hänkt vun de Plazen of, déi vun eise Leit schonns am Virfeld entsuergt ginn an um Zortéierwierk ginn och nach eng ronn 8,75 % erausgeholl. Dofir ee grousse Merci un eis Gemengen, déi eis et erméiglechen, deen Dreck bei hinnen ze entsuergen, deen op deene verschiddene Plazen do ufält, D’Aktioun Aalt Gezei (258.74 t) an d’Containerwuer (2453.26 t) hu landeswäit 2022 am ganzen 2712 Tonnen op d’Wo bruecht.

D‘Annette Schroeder, am Numm vun de Frënn aus dem Zentrum, souwéi och d’Nationalpresidentin, d’Marie-Jeanne Brauch hunn dem Kolping Feelen Merci gesot fir d’Invitatioun, déi gutt Zesummenaarbecht an déi vill Stonne beim Eidelmaache vun de Container am Laf vum läschte Joer. D’Marie-Jeanne huet verschidde Punkte vun der Kolping Asbl ugeschnidden ë.a.: 6 Schecke à 10000 € goufe verdeelt, de Schoulprojet am Kongo, d’Hëllef fir d’Ukrain a fir eis Kolpingsfrënn a Rumänien, souwéi déi grouss Problematik vum Dreck an a ronderëm d’Kleedercontainer. Uschléissend huet eisen Ersatzaumonier, de Prof. Pol Colling (de Romain Richer war verhënnert), e puer Wierder un eis geriicht, mam Schwéierpunkt dem Liewen a Wierke vum séilegen Adolph Kolping, dem Grënner vum Internationale Kolpingwierk.

No der fräier Aussprooch war et um Buergermeeschter, dem Fernand Mergen, fir dem Kolping Feelen Merci ze soen, an et soll een sech nitt decouragéiere loossen, fir leider den Dreck vun deenen anere Leit mussen ewechzemaachen. De Respekt vun der Gemeng gëllt deem ganze Veräi fir déi wäertvoll a bénévoll Aarbecht am Déngscht vun deene Benodeelegten, an och dem Jean-Marie fir seng Aarbecht an deene leschten 13 Joer fir d’Aktioun Aalt Gezei.

Domadder war déi dësjäreg Generalversammlung ofgeschloss, ouni awer ee gudde Pättchen op dat vergaangent Joer ze drénken, an ee klenge Maufel ze genéissen, gespent vun engem anonyme Member.