DE KOLPING FEELEN AM DÉNGSCHT VUM BENEVOLAT


145 mol war de Kolping Feelen 2019 am Asaz


Feelen. Viru kuerzem war d’Generalversammlung vum Kolping Feelen am Kolpingslokal zu Uewerfeelen an déi huet ugefaange mat enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Kolpings- a Familljememberen, Frënn a Bekannten. Duerno huet de President Fons Schmitz folgend Éieregäscht begréisst: de Buergermeeschter Fernand Mergen a seng Schäffen Alain Hansen an Dan Wilmes, d’Andrée Peiffer-Heinen an den Théophile Bormann als Vertrieder vum Kolping Zentrum, souwéi och deen neie Paschtouer, den Här Romain Richer.

Wéi et sou Traditioun ass, ginn dann ëmmer Merci’en ausgesprach fir d’Ënnerstëtzung am vergaangene Joer. Een éischte Merci goung un d’Gemeng Feelen fir déi finanziell a materiell Hëllef. Bei Geleeënheet vun der 52. Internationaler Kolpings-Friddenswanderung zu Veianen huet d’Gemeng wärend enger Woch verschidde Gefierer, souwéi Material zur Verfügung gestallt, am Kolpingslokal goufen nach kleng Aarbechten erleedegt an zum Schluss ass och nach eng Kichen agebaut ginn. D’Zesummenaarbecht mat de Frënn aus dem Zentrum ass ervirgehuewe gi fir déi vill Aarbecht zu Veianen, wou ongeféier 300 Kolpingsmemberen aus 9 verschiddenen europäesche Länner hu misse bekäschtegt ginn. Och dem Här Paschtouer Romain Richer gouf Merci gesot fir dee Kaddo deen hien am Virfeld gemaach huet, andeems hien dem Kolping Feelen ee Frigo iwwerlooss huet, dee beim Plënneren op Ettelbréck einfach keng Plaz méi do fonnt huet. Ee leschten, awer grousse Merci goung u seng Feelener Kommitee- a Veräinsmembere fir dee villen Asaz am Laf vum vergaangene Joer bei deene verschiddenen Aktivitéiten.

D’Joer 2019 war ganz gutt gefëllt, wéi een am Rapport vum Sekretär konnt eraushéieren. 78 mol war d’Containeréquipe am Norden ënnerwee a 24 mol sinn Extratournéeë gemaach ginn. Bei alle kierchlechen a weltleche Manifestatioune war de Kolping derbäi, Kommitee- a Membersversammlunge goufen ofgehal a verschidden Evenementer organiséiert, wéi z.B. Eisekuchebaken am Cactus, Chrëschtmaart, Kleedersammlung am September, a verschidde Cheque si verdeelt ginn. Am Ganze goufen eng 145 Mouvementer enregistréiert. Fir d’Joer 2020 ass den Terminkalenner och schonns gutt gefëllt mat e.a. Aktioun Aalt Gezei (25.+26.9.), Chrëschtmaart mat Eessen (13.12.), Trëppeltour a Kolpinggedenkdag organiséiert vu Kolping-Zentrum. Déi traditionell Krëppenausstellung gëtt, aus Manktem un Interessi, aus dem Manifestatiounskalenner gestrach.

De Keesebericht vum Jeanny Berns-Ries ass positiv ausgefall, a gouf vun de Keeserevisore Marianne Hentges-Audry a Camille Braun approuvéiert.

De Jean-Marie Bormann huet ee klengen Iwwerbléck iwwer d’Container-a Stroossesammlung ginn. Eng ronn 2700 Tonne konnte gesammelt ginn, Tendenz steigend, an dat a gudder Zesummenaarbecht mam Jongenheem vu Bartreng. Et ass leider och ganz vill Offall an de Container, wou nëmme Kleeder a Schong (keng Spillsaachen) an den Tute sollen agehäit ginn. 11 Leit vu Kolping Feelen sinn all Woch Dënschdes an all 2. Woch Mëttwochs ofwiesselend am Asaz.

Am Numm vun eise Frënn aus dem Zentrum huet de Bormann Théophile déi gutt Zesummenaarbecht vun deenen 2 Lëtzebuerger Kolpingsfamillen ernimmt an der Hoffnung, an der Zukunft op deem ageschloene Wee weider ze maachen.

Bei senger „Première“ huet de Paschtouer, den Här Romain Richer, de Benevolat am Déngscht vun de Matmënschen an de Virdergrond gestallt, an dat an enger Zäit vu Stress a Selbstverständlechkeet. Et wär ee groussen Opwand vu Kraaft a Freed verlaangt, fir déi Engagementer ze erfëllen.

D’Schlusswuert war fir de Buergermeeschter Fernand Mergen, deen, am Numm vum Schäffen- a Gemengerot, de Kolping Feelen felicitéiert huet fir déi enorm Aarbecht am leschte Joer. Fir d’Gemeng wär et selbstverständlech fir d’Veräiner an Organisatiounen ze ënnerstëtzen, wann et nëmme méiglech ass. No deene ganze Renovéierungsaarbechten am Lokal huet hien dem Kolping Feelen proposéiert fir eng kleng Feier ze organiséieren, wou da jiddereen invitéiert soll ginn, deen eppes bei deenen Aarbechten dozou bäigedroen huet. Fir d’Zukunft huet hien alles Guddes an dee selwechte Succès gewënscht wéi déi vergaange Joer.

Mat enger fräier Aussprooch, wou de Kommitee de Membere matgedeelt huet, datt dëst Joer een Ausflug op Han virgesinn ass, fir d’Grotten an de Parc animalier kucken ze goen. Och ass mol virgesi ginn, fir deen een oder anere Chèque un Organisatiounen ze verdeelen.

Mat engem gudde Maufel an engem Pättchen, fir nei Kraaft ze tanke fir dat kommend Joer, ass dës Generalversammlung ofgeschloss ginn.

Text. Fons Schmitz