ADVENTSEESSEN VUM KOLPING FEELEN

KOLPING LËTZEBUERG Asbl iwwerreecht 3 Schecken

Um 4. Adventssonndeg war, no 2 järeger Ënnerbriechung, bedéngt duerch Corona, dat traditionellt Adventseesse vum Kolping Feelen am Hennesbau zu Nidderfeelen. A senger Begréissung huet de President Fons Schmitz de Leit Merci gesot, datt se sou zuelräich drop gehalen hunn bei de Kolping ze kommen. Och ee grousse Merci goung un den David Albert aus dem „Restaurant am Hennesbau“, dee Saumons-Schnittercher gemaach hat fir bei den Aperitif. Wéi an der Vergaangenheet stoung de Rollbrod, mat gequellte Gromperen an Zalot um Haaptmenü. Den Zaloten- souwéi den Dessertsbuffet hunn eis Kolpingdammen an Eegeregie selwer gemaach.

Zwëschen dem Menü an dem Dessert huet Kolping Lëtzebuerg Asbl 3 Schecken iwwerreecht zu jee 10000 € un d’Stëmm vun der Strooss, d’Stroossenengelen an och nach un d’OTM Haiti.

D’Stëmm vun der Strooss benotzt d’Geld fir an den Amenagement vun hirer neier Struktur zu Ettelbréck op der Gare, wou vun Ufank 2023 Eessen zerwéiert ginn u mannerbemëttelt Bierger. Ettelbréck ass déi 3. Plaz, no Lëtzebuerg an Esch/Uelzecht, wou sou een Déngscht ugebuede gëtt.

D’Stroossenengelen sinn eng Ekipp vu Fräiwëllegen, déi den Obdachlosen op der Strooss hëllefen an och de Famillen, deenen et net sou gutt geet. Si kucken no de Leit déi op der Strooss liewen, ginn hinnen z’iessen a soss Hëllef, déi deen Ament néideg ass, mä d’asbl probéiert och, déi Concernéiert vun der Strooss erofzekréien.

Den 31. Mäerz 2022 huet eng traureg Nouvelle d’Membere vum Kolping Feelen an hir Frënn aus dem Zentrum erreecht. Eise Kolleeg Jean Berns huet eis fir ëmmer verlooss. An der Doudesannonce war den Don virgesi fir Kolping Lëtzebuerg. D’Sue vun dësem Don huet d’Famill Berns bestëmmt fir d’OTM Haiti. D’Jeanny Berns-Ries an de Michel Berns hunn dee Scheck selwer un déi Organisatioun iwwerreecht. Wärend deem sinn d’Leit am Festsall opgestanen, fir sou nach eng Kéier ee Moment un de Jang ze denken.

D’OTM Haiti ënnerstëtzt Projet’en vu Schoulen, souwéi och an der Landwirtschaft, soudass dëst Geld och do gutt wëllkomm ass, wou de Jang jo ganz enk mat der Natur verbonne war.

No dem Dessert konnt een nach Billjeeë kafe fir bei der Tombola matzemaachen. D’Nofro war sou grouss datt nitt jidderee konnt säi Gléck versichen, well de Romain hat d’Billjeeën all a kuerzer Zäit verkaaft.

Sou goungen déi puer Stonne beim Kolping Feelen vill ze séier eriwwer a vill Leit wollten um 16 Auer doheem si fir d‘Finall vun der WM 2022 am Katar matzekréien.

Mee den Datum fir dat 2. Adventseesse steet elo schonns fest: de 17. Dezember 2023 ab 11.00 Auer zu Nidderfeelen am Festsall vum Hennesbau.

Virdrun hunn d’Leit schonns d^Geleeënheet fir op Uewerfeelen bei d‘Kolpingslokal ze kommen. De 14. Januar 2023 mécht de Kolping Feelen „Ierzenzopp mat Mettwurscht“ fir mat Heem ze huelen. Umelle kann een sech bis de 7. Januar 2023 um TEL: 810822 (vu Méindes-Freides, owes vun 18-20 Auer) oder per mail op freichel@pt.lu , wou ee muss uginn, wéi vill Portiounen ee wëll bestellen. Et kritt een eng Confirmatioun geschéckt. De Präis ass 8 Euros d’Portioun.

De Kolping Feelen wënscht hire Frënn a Bekannten alles Guddes fir d’Joer 2023, verbonne mat enger gudder Gesondheet, a villäicht gesi mir eis geschwënn bei där enger oder anerer Manifestatioun erëm.