Gedenken un de Pool Schroeder

„Tut jeder in seinem Kreis das Beste,

wird es bald in der Welt auch besser aussehen.“

A.Kolping (1813-1865)


Mat Dankbarkeet denke mir un eise Kolpingfrënd Pool Schroeder vu Walfer zréck.Den Neigrënner a laangjärege President vu Kolping Lëtzebuerg ass den 3. Oktober 2019 verstuerwen.

Den Adolph Kolping, grousse Sozialreformer, war e Virbild fir de Pool. De soziale Gedanken huet ewéi e roude Fuedem dem Pool säi Liewen duerchzunn. Ouni de Pool géif et Kolping Lëtzebuerg net ginn.

1955 ass de jonke Schmattgesell Pool Schroeder duerch e Gesellenaustausch op Zürech komm, wou hien d’Kolpingwierk kennen a schätze geléiert huet. De 4. Dezember 1955 ass de Pool an der Schwäiz an d’internationalt Kolpingswierk opgeholl ginn. Dem Veräin ass hie säi Liewe laang trei bliwwen. No sengem Ofstiecher an d’Schwäiz huet hien am Hierscht 1956, zesumme mat e puer Hënsdreffer Jongen, Kolping Lëtzebuerg erëm opliewe gelooss. Säin Engagement war onermiddlech; de Pool huet als President a Kolpingmember villes bewierkt an initiéiert. Zwou Kolpingsfamille sinn ënnert senger Leedung entstanen: Kolping Zentrum a Feelen an 1961 eis ASBL.

1969 war de Pool derbäi ewéi d’Route de la Paix hir Ufäng hat. Jorelaang war hie Beroder vun dëser internationaler Kolpingfriddenswanderung. 1974 ass ënnert senger Leedung déi 1. Aktioun Aalt Gezei am Land entstan an dat mat groussem Succès. Duerch seng Initiativ goufen 1990 och d’orange Kolpingcontainer uechtert d’Land opgestallt. Mam Jongenheem huet hien en treie Partner fir d‘Kleedersammlung fonnt. Esou goufen zanterhier Tonne vu gebrauchte Kleeder recycléiert. D’Aktioun Aalt Gezei, géint Honger, Misär an Nout, ewéi de Pool dës Aktioun ëmschriwwen huet, erméiglecht Kolping-Lëtzebuerg sozial Organisatiounen heiheem an an den Entwécklungslänner ze ënnerstëtzen.

Vill vum Pool sengen Engagementer hu Friichte gedroen an hunn d’Mënschen um soziale Plang matenee verbonnen. Hien huet vollen Asaz gi fir säi Kolpingveräin heiheem an och am Ausland, wou hien am Laf vun de Jore vill Frënn fonnt huet.

Mam Pool ass e Stéck Kolping Lëtzebuerg gestuerwen. Mir wäerten de Pool a beschter Erënnerung behalen.

Seng Kolpingsfrënn aus dem Zentrum a Feelen

Marie-Jeanne Brauch, Nationalpresidentin Kolping Lëtzebuerg