HËLLEFSAKTIOUN FIR D’UKRAIN VUN DER AMICALE POMPJEEËN ETTELBRÉCK

Feelener Veräiner ënnerstëtzen dës Aktioun


Niederfeulen. D’Amicale vun den Ettelbrécker Pompjeeën huet an der leschter Woch een Opruff gemaach, fir eng Hëllefsaktioun ze starten zu Gonschte vun der Ukrain ënnert dem Slogan: “Ettelbréck hëlleft sammelen”. Dëst ass geschitt an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an dem Lycée Technique vun Ettelbréck.

No deenen 2 Aktioune fir d’Affer vun den Iwwerschwemmungen am Ahrtal (D), ass dëst fir 3. Kéier, wou d’Amicale am Déngscht vun der Hëllefsbereetschaft steet.

Gesammelt goufen ë.a. medezinesch Saachen: Desinfektiounsmëttel, Verbandsmaterial, Masken, Händchen, Paracetamol, Medikamenter géint Féiwer an Duerchfall. Och Liewensmëttel an Hygiènesartikele ware wëllkomm, wéi Nuddelen, Konserven, Räis, Drauwenzocker, Baby Mëllech, Seef, Duschgel, Shampoing, Zahnpasta, Zännbiischten, Pampers, Crèmen, Handdicher, Bueddicher.

Dës Saache konnt ee wärend 3 Deeg an der Annexe vum Lycée Technique ofginn, wou dunn vill Hänn gefrot waren, fir alles ze sortéieren, anzepaken an ze beschrëften.

Och ee Spendenopruff gouf gemaach an deen ass wéi eent Laffeier duerch Feelen gaangen a vill Veräiner hunn sech doru bedeelegt: ë.a. de Supporterclub vun der Feelener Musek: 1000 €, d’Feelener Musek: 2000 €, Déi Jonk vu Gëschter Feelen: 2000 €, Nidderfeelener Jongen: 200 € an de Kolping vu Feelen: 5000 €. Dës Spende gi geholl fir gezielt medezinesch Saachen hei zu Lëtzebuerg anzekafen, déi am Krisegebitt ganz dringend gebraucht ginn.

Ganz vill u finanziellen, souwéi materielle Spenden ass dobäi erakomm an ee Sonndeg Moien um 9 Auer war et souwäit; een Transporter mat 32 Palettë medezinesch Saachen, Liewensmëttel an Hygiènesartikelen ass dunn zu Ettelbréck am Haff vun der fréierer Akerbauschoul fortgefuer a Richtung Prochowice a Polen. Owes um 22 Auer war d’Ziel schonns ouni Komplikatiounen erreecht a vun do aus gëtt d’Verdeelung gemaach fir datt alles op der richteger Plaz ukënnt.

De Spendenopruff vun der Amicale Pompjeeën Ettelbréck fir Don’en op hire Kont geet nach virun an da wäert an nächster Zukunft een zweete Convoi Richtung Krisegebitt fueren.

Vun dëser Plaz aus een opriichtegen a waarme Merci un alleguer déi eedel Spender, finanziell a materiell, awer besonnesch ee ganz grousse Luef un déi Fräiwëlleg vun der Amicale Pompjeeën Ettelbréck fir déi mustergülteg Hëllefsaktioun fir d‘Leit an der Ukrain, déi wierklech Hëllef brauchen an drop waarden, datt och bei hinnen d’Fräiheetssonn erëm enges Daags um Himmel wäert blénken.

Text: Schmitz Fons

Foto: Hankes Rom