DE KOLPING FEELEN AM DINGSCHT VU „72 STONNE BENEVOLAT 2017“

III. International Ausfaart mat Päerdsgespaner zu Mäertert, Bierg a Betzder

Och dëst Joer huet de Kolping Feelen erëm am Kader vu „72 Stonne Benevolat 2017“, den 12., 13. a 14. Mee,matgemaach, andeems mir Eisekuche gebak hunn an ee Gedrénksstand haten. Wéi am vergaangene Joer, bei der Editioun 2016, hu mir d’Associatioun „De Leederwon Asbl“ vu Betzder ënnerstëtzt. Et war schonns déi 3. International Ausfaart mat Päerdsgespaner. Freides Owes huet eng Equipe am Restaurant „Le Chateau“ zu Betzder am Service gehollef, fir de Gäscht d’Eessen ze servéieren.

Um Samschdeg Moie ware mir schonns um 9.30 Auer am Park zu Mäertert, fir alles opzeriichten, fir Eisekuchen ze baken. D’Gemeng vu Mäertert/Waasserbëlleg huet do an der Mëttesstonn den Éierewäin offréiert. No dem Pick-Nique an der Presentatioun sinn d’Gespaner du virugefuer bis op Biwer bei d’Stallzelter.

Sonndes ass et och erëm um 9.30 Auer lassgaange mat baken, dës Kéier am wonnerschéine Viirhaff vum Schlass vu Bierg, Sëtz vun der Gemeng Betzder. Hei war d’Presentatioun vun de Gespaner, déi vu Biwer aus eng kleng Randonnée gemaach hunn, an och hei huet d’Gemeng Betzder och fir den Éierewäi gesuergt. No deem klengen Halt ass et viru gaange bis op Betzder op de Parking vum Institut Saint Joseph. Während där Zäit hu mir eise Stand ofgeriicht an zu Betzder erëm opgeriicht, wou alles konnt virugoen, an dat ouni allze vill Stress. Hei hunn d’Gespaner och een Halt an de Bewunner vum Institut domadder eng grouss Freed gemaach. Nodeems d’Eisekuchen all fort waren, hu mir eis „Bonne-Action 2017“ ofgeschloss. D’Gespaner sinn dunn nach laanscht d’SES an duerch de Bësch op Biwer weidergezunn, wou d’Gemeng vu Biwer allen déi matgefuer, souwéi och deenen, déi eng Hand mat ugepaakt hunn, als kréinenden Ofschloss, den Éierewäi spendéiert huet. De Kolping Feelen huet déi 2 Deeg, all Kéier no der Mëttespaus, jidderengem deen an historesche Kleeder un dëser 3. Internationaler Ausfahrt deelgeholl huet, als Dessert een Eisekuch gratis matt op de Wee ginn.

Mir soen deenen 2 „Schaffpäerd“ vu „De Leederwon Asbl“, dem Peter Aendekerk an dem Josette Schmitz, een häerzleche Merci an ee grousse Bravo fir déi mustergülteg Organisatioun.  Den Erléis vun deenen 2 Deeg hu mir un „De Leederwon Asbl“ integral iwwerwisen. Eis huet et immens Spaass a Freed gemaach déi 3 Deeg aktiv matgehollef ze hunn, an un eiser Participatioun un der Editioun vu „72 Stonne Benevolat 2018“ wäert dofir och näischt am Wee stoen.

(Text: Fons Schmitz, Fotoen: Marie-Louise Braun-Dax, Kolping Feelen)