Erfollegräich Krëppenausstellung vum „Kolping Feelen“

Erfollegräich Krëppenausstellung vum „Kolping Feelen“
Vum 6. – 13. Dezember 2015 war eng Krëppenausstellung am Musée vum Hennesbau zu Nidderfeelen organiséiert vum „Kolping Feelen“. Net manner wéi 33 Exponaten hunn deelgeholl an sech och engem Concours gestallt. Während der ganzer Woch konnten och d’Leit, all Dag nomëttes, des Ausstellung kucken a bewonnere kommen. Eng neutral Jury huet d’Wierker, déi a 4 verschiddene Kategorien agedeelt waren, ënnert Lupp geholl a Punkte verdeelt. Déi 4 Kategorien waren: Jeunes – 12 ans, Groupes, Adultes-Moderne an Adultes-Classique, wou all Kéier déi 3 éischt Geldpräisser kritt hunn, déi vu 4 Sponsoren zur Verfügung gestallt goufen. D’Gewënner an deene verschiddene Kategorien waren: Jeunes-12 Ans: 1. Schroeder Manon, Helmsange, 2. Muller Joshua, Niederfeulen, 3. Möller Jacky, Ettelbruck; Groupes: 1. Bibelkreativ, Medernach, 2. Atelier Protégé Op der Schock, Redange/Attert, 3. Blannevereenegung, Rolleng/Mersch; Adultes-Moderne: 1. Wagner Ed., Niederfeulen, 2. Berchem-Lefort Jeanne, Grevels, 3. Keiser-Jedrysiak Nicole, Mertzig; Adultes-Classique: 1. Hoffmann Pascal + Hirlimann Annick, Asselborn, 2. Linden Pol, Tuntange, 3. ex-aequo: Heinrich Luc, Ettelbruck an Zigrand Remy, Perlé. Den Ofschloss vun der Krëppenausstellung huet den 13. Dezember ee Chrëschtmaart gemeet. Nom Apéro gouf um 12 Auer eent Mëttegeessen am Festsall zerwéiert, wou d’Zaloten an Dessert’en vun den Kolpings-Dammen präparéiert goufen. Eng Kaffisstuff an Tombola huet den Nomëtten iwwerbréckt, éier um 17 Auer d’Präisverdeelung stattfonnt huet. De President Fons Schmitz huet de Kënschtler an den Sponsoren Villmools Merci gesot fir d’Matmaachen an op d’Krëppenausstellung 2016 higewisen, déi vum 11. – 18. Dezember am Hennesbau zu Nidderfeelen stattfënnt, mat um 18. Dezember de Chrëschtmaart, deen 2016 fir d‘40. Kéier organiséiert gëtt. Een deen d’nächst Joer wëll matmaachen, kann Renseignementer a d’Reglement beim Kolping Feelen op freichel@pt.lu ufroen.
(Text: Schmitz Fons, Foto: Jean-Marie Bormann)