GENERALVERSAMMLUNG VUM KOLPING FEELEN


Ganz vill Aktivitéiten am Joer 2016

Viru kuerzem war d’Generalversammlung vum Kolping Feelen am Kolpingslokal zu Uewerfeelen. No enger Gedenkminutt fir verschidde verstuerwe Kolpings- a Familljemember huet de President Fons Schmitz d‘Éieregäscht begréisst. Vun der Gemeng Feelen waren dat de Buergermeeschter Fernand Mergen, souwéi de Schäffen Alain Hansen an d’Conseillère Christianne Mergen a vum Kolping Zentrum d’Presidentin Annette Schroeder an de Romain Wagner. Entschëllegt haten sech den Éierebuergermeeschter Marcel Thill an de Schäffen Dan Wilmes. Der Gemeng huet de President Merci gesot fir déi finanziell a materiell Ënnerstëtzung am Laf vum Joer an och dem Sekretariat an de Gemengenaarbechter fir déi gutt Zesummenaarbecht. Och gouf de Sponsoren, den Aussteller an de Jurysmember vun der Krëppenausstellung, den Donateure fir Tombola an de Leit, déi um Chrëschtmaart deelgeholl Merci gesot. Dee gréisste Luef goung un d’Member an d’Komiteesleit vum Kolping Feelen fir dee groussen Asaatz an déi gutt Zesummenaarbecht am vergaangene Joer. An engem akribesche Réckbléck op d’Joer 2016 huet de Sekretär Fons Schmitz déi 127 verschidden Aktivitéite Revue passéiere gelooss. Haaptpunkte waren de 40. Chrëschtmaart mat der Krëppenausstellung, wou iwwer 40 Exponaten deelgeholl hunn, souwéi déi wöchentlech Kollekte vun de Kleeder aus de Container an deene verschiddenen Uertschaften am Norden. All Dënschdeg an all 2. Mëttwoch sinn 3 Leit ënnerwee fir déi Kollekt do duerchzeféieren. Och gouf 2016 un de „Journées du Bénévolat“, an Zesummenaarbecht mat dem „Leederwon Asbl vu Betzder“ zu Iechternach deelgeholl, an dat soll och dëst Joer erëm widderholl ginn. An d’Zukunft gekuckt ass dëst Joer d’Bedeelegung un de kierchlechen a weltleche Manifestatiounen, déi 50. Friddenswanderung zu Sarnen an der Schwäiz an och erëm d’Krëppenausstellung (zanter 1985) vum 10.-17.12.2017 an als Ofschloss de Chrëschtmaart (17.12.2017) am Hennesbau zu Nidderfeelen. De Bilan vun der Kees gouf vum Jeanny Berns-Ries presentéiert a weist ee Boni op. D’Keeserevisore Josée Klein-Majerus a Jos Hansen hunn der Keessière Decharge ginn. Bei de Wahle goufen déi 3 austriedend an erëmwielbar Fernande Bormann-Kayser, Juliette Choque-Weber a Fons Schmitz per Akklamtioun op hire Posten am Komitee confirméiert. De Guy Hentges hat seng Kandidatur net méi gestallt. De Jean-Marie Bormann huet un Hand vu Chifferen d’Container- an d’Kleedersammlung presentéiert. Duerno war et un der neier Presidentin aus dem Zentrum, dem Annette Schroeder, fir dem Kolping Feelen Merci ze soe fir déi vill Aarbecht déi geleescht gouf an och d’Hoffnung ausgedréckt fir an Zukunft weider sou gutt zesummen ze schaffen. No der Fräier Aussprooch, wou fir d’Zukunft Proposë gemaach goufen, huet de Buergermeeschter Fernand Mergen de Kolping Feelen felicitéiert fir déi muenegfalteg Aktivitéiten, praktesch all 3. Dag um Dill, an dat ganz am Zeeche vum Benevolat. D’Gemeng huet virgesi fir 2017 verschidden Aarbechte baussen a bannen am Kolpingslokal duerchzeféieren. D’Generalversammlung gouf ofgeschloss bei engem gudde Pättchen an engem Bréitchen.
Wann deen een oder aneren interesséiert ass fir beim Kolping Feelen matzeschaffen, oder bei der Krëppenausstellung deelzehuelen, da kann een sech beim President iwwer Mail freichel@pt.lu oder telefonesch um 810.822 mellen. All Hëllef ass gär wëllkomm. (Text: Schmitz Fons)