GENERALVERSAMMLUNG VUM KOLPING FEELEN


10000 € fir 2 Klassesäll fir d’Schoul „Ecole de Bertin“ op Haiti

Viru Kuerzem war d’Generalversammlung vum Kolping Feelen am Kolpingshaus zu Uewerfeelen. Um Ufank ass eng Gedenkminutt ofgehale ginn fir all Verstuerwen aus der Kolpingsfamill oder engem Familljemember. Besonnesch gouf un de Gast. Koch , ee Feelener Jong, erënnert, deen eis am August 2015 fir ëmmer verlooss huet.
A senger Begréissung huet de President Fons Schmitz der Gemeng Merci gesot, vertrueden duerch de Buergermeeschter Fernand Mergen, senge Schäffen Alain Hansen an Dan Wilmes, souwéi aus dem Gemengerot dem Christianne Mergen, fir déi finanziell a moralesch Ënnerstëtzung am vergaangene Joer. Verschidden Aarbechte goufe realiséiert 2015, ë.a. d’Restauratioun vun der Grotte bei der Pompjeesschoul. Der Nationalpresidentin vu Kolping Lëtzebuerg Marie-Jeanne Brauch-Klein, an och dem Andrée Peiffer als Vertriederin vum Zentrum gouf Merci gesot fir déi immens vill Aarbecht mat de Kolpingsprojeeën an déi gutt Zesummenaarbecht vun deenen 2 Lëtzebuerger Kolpingsfamillen. Dem Paschtouer Maurice Péporté an dem Sekretariat vum Porverband Ettelbréck ee grousse Merci fir hiert Entgéintkomme bei der Mass vum Kolpinggedenkdag an d’Publikatiounen am Porbréif. D’Marie-Jeanne an d’Marianne haten, als Ersatz vun der Priedegt, eng Power-Point-Show realiséiert, wou d’Schaffen an d’Wierke vu Kolping Lëtzebuerg de Läit méi nobruecht gouf. Nët vergiess goufen d’Sponsoren, d’Nordliicht-TV, souwéi verschidde benevol Akteuren, déi hire Bäitrag geleescht hunn bei eiser Krëppenausstellung .
D’läscht Joer war och Vandalismus bei der Verluedeplaz vun eise Containerkleedersammlungen ze verzeechnen, a wou souguer eng ganz Ladung vun 9 Tonnen huet missen nei an Tute verpaakt an ëmgeluede ginn, verbonne mat enger Plainte bei der Police. Och an engem Wocheblad gouf ganz vill Negatives, géint Kolping Lëtzebuerg an hire Partner, d’Jongenheem, verbreed, wou d‘Aarbecht vum Benevolat an ee falscht Liicht gesat gouf. Devise vu Kolping Lëtzebuerg ass: Am Déngscht vum Nächsten, an deene Mannerbemëttelten ënnert d’Ärem gräifen. Erfreelech ass awer ze bemierken datt bei eiser Kleedersammlung am September, souwéi och an eise Container, positiv Resultater ze vermierke waren. Am Oktober ware mir, mat eise Frënn vum Kolping-Zentrum a Membere vum Jongenheem, op Dordrecht an Holland eent Zortéierwierk besichen, wou mir gesinn hunn, wat geschitt, wa mir d’Kleeder bis ofgeliwwert hunn. Den Héichpunkt vun all Joer ass awer d’Krëppenausstellung am Dezember, wou mat 34 Ausstellungsstécker den Erfolleg grouss war. All Joer gëtt mam Erléis vum Chrëschtmaart an engem Deel aus der Keess eng Organisatioun ënnerstëtzt. 10000 € goufen un ee Projet fir eng Schoul, d’Ecole de Bertin, op Haiti iwwerwisen, wou 2 Klassesäll kënnen amenagéiert ginn, mam Numm vum Kolping Feelen.



Seng Membere vu Feelen huet de President awer net vergiess, déi am Laf vum Joer am Déngscht vum Nächsten ënnerwee sinn a schaffen. Bei déi vill Aktivitéite kënnt dann nach d’Kollekt vun der Containerwuer derbäi, wou iwwer d’Joer 52 mol Dënschdes a 26 mol Mëttwochs d'Container op Plazen am Norden eidel gemaach ginn. Hinnen all ee grousse Bravo mat der Opfuerderung op deem ageschloene Wee virun ze fueren.
D’Jeanny Berns-Ries huet de Rapport vun der Keess presentéiert, wou, bedéngt duerch déi verschidden Don’en ee klenge Minus ze verzeechne war. D’Keessekontrollere Chantal Stibbe-Bache an de Jos Hansen hunn der Trésorière eng mustergülteg Féierung vun der Keess. D’Josée Klein-Majerus an de Jos Hansen kontrolléieren d’nächst Joer d’Keess.
De Jean-Marie Bormann huet a sengem Rapport ee klenge Resumé gemaach iwwert d’Kollekt vun der Kleedersammlung an der Containerwuer. D’Lëscht vun de Membere fir de Wochentour, souwéi och d’Gewiichter vun de Kleeder mussen opgestallt a kontrolléiert ginn.
Eis Nationalpresidentin, d’Marie-Jeanne Brauch-Klein, huet de Feelener Merci gesot fir hiren Asaaz am Joer 2015 an ee klengen Iwwerbléck ginn iwwert déi international Projet’en. De Moment ginn a Rumänien, Ruanda, Kongo, Burkino Faso, Philippinen verschidde Chantieren ënnerstëtzt. An der Agriculture, der Medezin, dem Handwierk, souwéi och am Beräich vun der Schoul gëtt eng Hand mat ugepaakt, fir mat finanzielle Mëttelen deene Läit eng besser Zukunft ze bereeden. Eng administrativ Aarbecht, déi ganz vill Zäit an Usproch hëlt, an déi vum Ministère kontrolléiert gëtt.
Als läschte Riedner war et um Buergermeeschter, fir e puer Wierder un d’Versammlung ze riichten. De Fernand Mergen huet dem Kolping Feelen ee grousse Merci ausgeschwat fir déi vill benevol Aarbecht am Laf vum ganze Joer an och am Déngscht vun deene mannerbemëttelte Matmënschen. D‘Gemeng kuckt fir dëst Joer nach déi ganz Heizungsinstallatioun nei ze amenagéieren an sou wéi an der Vergaangenheet eent oppent Ouer ze hunn an de Kolping weiderhi finanziell a materiell ze ënnerstëtzen.
Déi wichtegst Datumer fir 2016: International Friddenswanderung zu Prag vum 3.-8. August, Aktioun Aalt Gezei den 23.September, d’Krëppenausstellung vum 11.-18. Dezember an de 40. Chrëschtmaart den 18. Dezember 2016.
De Komitee vum Kolping Feelen besteet aus folgende Leit: Fons Schmitz , President a Sekretär, Jeanny Berns-Ries, Trésorière, an de Membere Fernande Bormann-Kayser, Juliette Choque-Weber a Guy Hentges. Wann ee wëll bei eis am Kolping matmaachen, kann een sech bei de Komiteesleit mellen. Avis aux amateurs. Momentan sinn 28 aktiv Memberen an 1 Fräiwëllegen an der Containeréquipe am Kolping Feelen.