„KOLPING FEELEN“: ERFOLLEGRÄICH KRËPPENAUSSTELLUNG 201


(1. Präis 2016: Kategorie Adultes-Classique)
Vum 11. – 18. Dezember 2016 war eng Krëppenausstellung am Musée vum Hennesbau zu Nidderfeelen, organiséiert vum Kolping Feelen. Net manner wéi 40 Exponate waren do ausgestallt, an dovunner hunn der 32 och an engem Concours deelgeholl. Während der ganzer Woch konnten d’Leit, all Dag nomëttes, des Ausstellung kucken a bewonnere kommen. Eng neutral Jury huet d’Wierker, déi a 4 verschiddene Kategorien agedeelt waren, ënnert d’Lupp geholl a Punkte verdeelt. Déi 4 Kategorië waren: Jeunes bis 12 Joer, Gruppen, Adultes-Moderne an Adultes-Classique, wou all Kéier déi 3 éischt Präisgelder kritt hunn, déi vu 4 Sponsoren zur Verfügung gestallt goufen. Den Ofschloss vun der Krëppenausstellung huet den 18. Dezember ee Chrëschtmaart gemeet. Nom Apero gouf um 12 Auer eent Mëttegiessen am Festsall zerwéiert. A senger Usprooch huet de President Fons Schmitz deene ronn 150 Persounen, déi drun deelgeholl hunn an déi een als trei Supporter ka bezeechnen, ee spezielle Merci ausgesprach an och nach verschidde Gäscht extra begréisst. Den Zaloten-, souwéi och den Dessertsbuffet goufen vun de Kolpings-Damme preparéiert. Nom Dessert war d’Zéiung vun enger Gratistombola mat 5 Corbeillë, dëst aus Ulass vum 40. Chrëschtmaart vum Kolping Feelen. Am Nomëtten huet nach eng Tombola an ee Bazar fonctionnéiert, an an der Kaffisstuff gouf et och nach Eisekuchen. Um 17 Auer koum dee spannende Moment, wou d’Präisser vun der Krëppenausstellung verdeelt goufen. D’Gewënner an deene verschiddene Kategorië waren: Jeunes-12 ans: 1. Möller Jackie, Ettelbréck, 2. Schroeder Manon, Helmséng, 3. Muller Amanda, Nidderfeelen; Groupes: 1. Op der Schock, Réiden, 2. Bibelkreativ, Miedernach, 3. Foyer Scolaire Kiem, Kierchbierg; Adultes-Moderne: 1. Pint-Lieners Claudine, Stolzebuerg, 2. Heinrich Luc, Ettelbréck, 3. Schleich Romain, Wecker; Adultes-Classique: 1. Bindels-Braun Tania, Nidderfeelen, 2. Linden Pol, Tënten, 3. Marcus Maria, Eechternach. De President Fons Schmitz huet de Kënschtler, de Sponsoren an de Leit Villmools Merci gesot fir d’Matmaachen, d‘Ënnerstëtzung an d’Presenz. Och ee grousse Merci goung u seng Membere vum Kolping Feelen fir hiren Asaatz an d’Matschaffen an der vergaangener Woch. Zum Schluss huet de President nach op d’Krëppenausstellung 2017 higewisen, déi vum 10. – 17. Dezember 2017 am Musée vum Hennesbau stattfënd, mat um 17. Dezember dem traditionelle Chrëschtmaart. Wann een interesséiert ass un der Krëppenausstellung 2017 deelzehuelen, kann een d‘Renseignementer an d’Reglement beim Kolping Feelen nofroen op freichel@pt.lu. (Text a Foto: Schmitz Fons, Kolping Feelen)