KRËPPENAUSSTELLUNG 2017 VUM „KOLPING FEELEN“

Vum 10. – 17. Dezember 2017 war eng Krëppenausstellung, verbonne mat engem Concours, am Musée vum Hennesbau zu Nidderfeelen, organiséiert vum Kolping Feelen. Während der ganzer Woch konnten d’Leit, all Dag nomëttes, des Ausstellung kucken a bewonnere kommen. Net manner wéi 21 Exponate waren do ausgestallt. Eng neutral Jury huet d’Wierker, déi a 4 verschiddene Kategorien agedeelt waren, ënnert d’Lupp geholl a Punkte verdeelt. Déi 4 Kategorië waren: Jeunes bis 12 Joer, Gruppen, Adultes-Moderne an Adultes-Classique, wou all Kéier déi 3 éischt Präisgelder kritt hunn, déi vu 4 Sponsoren zur Verfügung gestallt goufen. Den Ofschloss vun der Krëppenausstellung huet den 17. Dezember ee Chrëschtmaart gemeet. Nom Apero gouf um 12 Auer eent Mëttegiessen am Festsall zerwéiert. A senger Usprooch huet de President Fons Schmitz deene ronn 160 Persounen, déi drun deelgeholl hunn an déi een als trei Supporter ka bezeechnen, ee spezielle Merci ausgesprach an och nach verschidde Gäscht extra begréisst. Den Zaloten-, souwéi och den Dessertsbuffet goufen vun de Kolpings-Damme preparéiert. Am Nomëtten huet nach eng Tombola an ee Bazar fonctionnéiert, souwéi an der Kaffisstuff gouf et och nach Eisekuchen. Um 17 Auer koum dee spannende Moment, wou d’Präisser vun der Krëppenausstellung verdeelt goufen. D’Gewënner an deene verschiddene Kategorië waren: Jeunes-12 ans: 1. Besenius Marie an Oesch Nikki, Nidderfeelen, 2. Schroeder Manon, Helmséng, 3. Möller Jackie, Ettelbréck; Groupes: 1. Op der Schock, Réiden; Adultes-Moderne: 1. Pint-Lieners Claudine, Stolzebuerg, 2. Brachtenbach Pol, Miedernach, 3. Feider Will, Ettelbréck; Adultes-Classique: 1. Colling Georges, Fréiséng, 2. Linden Pol, Tënten, 3. Breuer Astrid, Ierpeldéng/Sauer. De President Fons Schmitz huet zum Oofschloss de Kënschtler, de Sponsoren an de Leit Villmools Merci gesot fir d’Matmaachen, d‘Ënnerstëtzung an d’Presenz. Och ee grousse Merci goung u seng Membere vum Kolping Feelen fir hiren Asaatz an d’Matschaffen an der vergaangener Woch. Zum Schluss huet de President nach op d’Krëppenausstellung 2018 higewisen, déi vum 9. – 16. Dezember 2018 am Musée vum Hennesbau stattfënd, mat um 16. Dezember dem traditionelle Chrëschtmaart. Wann een interesséiert ass un der Krëppenausstellung 2018 deelzehuelen, kann een d‘Renseignementer an d’Reglement beim Kolping Feelen nofroen op freichel@pt.lu. (Text a Foto: Schmitz Fons, Kolping Feelen)