Engt neit d'Stroosseschëld als Erënnerung

Les Rues au Féminin


Foulscht: Am Kader vum internationalen Fraendag, huet d’Gemeng Rammerich, als eng vun denen 15 Gemengen am Land, och drop gehaalen fir engt neit Strooseschëld mat der symbolischer Bezeechnung „Place Anastasia Paquet ép. Agnes“ zu Foulscht, bis den 31. März, opzehänken. Madame Anastasia Paquet ass den 24. Oktober 1912 zu Wëntger op d’Welt komm an ass nom Bestiednis zesummen mam Emile Agnes op Hueschtert (Rammerich) wunne komm. Bei de Gemengewalen an der fréierer Gemeng Foulscht ass d’Madame Anastasia Paquet am Joer 1946 an de Gemengerot gewielt gin an huet hirt Mandat bis zum Joer 1957 do och weidergefuert. Sie ass den 24. Juli 1978 verstuerwen.(CR)(FOTO: CHAREL REISER)