Buergbrennen zu Groussbus

D'Groussbusser Pompjeeën hat erëm op hiert traditionellt Buergbrennen invitéiert. A geselleger Ronn hunn vill Duerfleit sech am Parsall afonnt fir sech eng gutt Ierbessenzopp schmaachen ze loossen. Zesummen ass et duerno am Fackelzuch op d'Boschent gaan, wou d'Buerg da schliisslech verbrannt gouf, an domadder hoffentlech dem Wanter esou lues Äddi gesot ka ginn.