Diamanten Hochzäit zu Hierber

De 4. Juli 1959 hu sech d’Melitta Barzen an de Gaston Dahm vun Hierber d’Jowuert an der Kathedral an der Stad ginn.

Zu Hierber hu si dëser Deeg hire 60. Hochzäitsdag am Krees vun hirer Famill gefeiert. Vertrieder vun der Gemeng Rouspert-Mompech hunn drop gehalen, de Jubilaren ze gratuléieren an hinnen d’Gléckwënsch vun den Awunner aus der Gemeng z’iwwermëttelen.