Rouspert-Mompech erënnert un den Ufank vun der Ardennenoffensiv

Fir un den Ufank vun der Rundstedtoffensiv, de 16. Dezember 1944, ze erënneren, hat d’Gemeng Rouspert-Mompech den 3. Adventssonndeg fir eng Commemoratiounsfeier op Uesweller invitéiert. A Präsenz vum US-amerikanesche Botschafter zu Lëtzebuerg Thomas M. Barrett, vun den Députées-Maires Stéphanie Weydert a Carole Hartmann, vum Rooljer Buergermeeschter Alfred Wirtz, vun de Membere vum Rouspert-Mompecher Schäffen- a Gemengerot, vu Vertrieder vun der „Amicale vun de Reservoffizéier vun der Lëtzebuerger Arméi“ a vu Membere vum Reenactment-Grupp „2nd Armored in Europe“, se bäi dem Memorial, dat d’Undenke vun den amerikaneschen Zaldoten honoréiert, déi Uesweller den 13. September 1944 befreit an d’Duerf an de Wochen a Méint duerno verdeedegt hunn, Käerzen ugefaang a Blummen néiergeluecht ginn.

No enger Mass, déi den Här Paschtouer Luc Schreiner fir déi an der Regioun gefalen Zaldoten a fir de Fridden an der Welt gehalen huet, war eng zweet Zeremonie bäi der Uesweller Schoul, wou d’US-Army am Dezember 1944 e Kommando-Posten ageriicht hat. No Usprooche vum Stéphanie Weydert, dem Vertrieder vun de Reservoffizéier René Faber a vum Thomas M. Barrett huet de Michel Zeimet vum CEBA („Cercle d’Études sur la Bataille des Ardennes“) de Verlaf vun de Krichshandlunge am Dezember 1944 am Raum Uesweller-Déickweller duergeluecht. Mat dem Gesang vun der amerikanescher Nationalhymn an der „Heemecht“ huet d’Gedenkfeier e würdegen Ofschloss fonnt.