Medaileniwwerreechung bäi der „Uesweller Musik“

Am Kulturzentrum „A Lannen“ zu Uesweller goufe viru Kuerzem eng Rei verdéngschtvoll Membere vun der „Uesweller Musik“ geéiert. D’UGDA-Vertriederin Arlette Wagner-Heitz, d’Buergermeeschtesch vun der Gemeng Rouspert-Mompech Stéphanie Weydert an de Präsident vun der „Uesweller Musik“ Frank Ries hunn net manner wéi 22 Musikanten a Comitésmembere fir hire laangjäregen Asaz am Museksveräin Merci gesot an hinnen UGDA-Medailen an Diplomer iwwerreecht.

Mam UGDA-Ofzeeche fir e Minimum vu 5 Joer musikaleschen Engagement ausgezeechent goufen d‘Mia Anelli, d‘Sophie Ries, den Tim Theisen an de Charel Theisen.

D’Bronze-Verdéngschtmedail fir 10 Joer kruten de Georges Daleiden, d‘Liz Hubert, de Max Hubert, de Louis Ries, d‘Sanny Schwartz an de Sam Serres.

Mat der Sëlwermedail fir 20 Joer geéiert goufen de Pol Poos, den Edouard Sasset, d‘Michelle Serres-Stein, d‘Anne Spaus an d’Mandy Wewer.

Mat der UGDA-Goldmedail fir 30 Joer ausgezeechent gouf d‘Mariette Roilgen.

D‘„Médaille en Vermeil avec Palmettes“ fir 40 Joer Memberschaft kruten den Arsène Barzen, de Frank Hubert, de Frank Ries, de Marc Ries, d‘Nathalie Ries-Pire an de Gilbert Spaus.

Fir säi 50-järege musikaleschen Asaz gouf de Gilbert Spaus och mat der Sëlwermedail „Grand-Duc Adolphe“ dekoréiert.

Zum Ofschloss vun dëser sympathescher Feierstonn huet d’Gemeng den Éierewäin offréiert.