Commemoratioun vum Ufank vun der Ardenneschluecht

Fir un den Ufank vun der Rundstedt-Offensiv, de 16. Dezember 1944, ze erënneren, organiséiert d’Gemeng Rouspert-Mompech all Joer um drëtten Adventssonndeg en Gedenkfeier zu Uesweller.

Op Initiative vun der „Amicale vun de Reservoffizéier vun der Lëtzebuerger Arméi“ sënn a Presenz vum US-amerikanesche Botschafter zu Lëtzebuerg Thomas M. Barrett a vun de Membere vum Schäffen- a Gemengerot Käerze beim US-Memorial am Agank vum Duerf ugefaange ginn.

No enger feierlecher Mass, déi den Här Paschtouer Luc Schreiner fir déi an der Ëmgéigend vun Uesweller gefalen Zaldoten a fir de Fridden an der Welt gehalen huet, goufe virun der Plack un der Uesweller Schoul, wou d’US-Army am Dezember 1944 e Kommando-Posten ageriicht hat, Blummen néiergeluecht.

All Riedner hu betount, datt d’Affer vun den amerikaneschen Zaldoten, déi hiert Liewe fir eis Fräiheet gelooss hunn, net vergiess dierf ginn. De russeschen Ugrëffskrich géint d’Ukrain féiert eis op eng schrecklech Weis virun Aen, wéi zerbriechlech de Fridde ka sinn, och an Europa. Duerfir gëllt et, sech ëmmer erëm a méi wéi jee fir de Fridden anzesetzen. „Never again!“