Celsusfeier zu Uesweller

Zënter méi wéi 300 Joer gëtt de hellegen Celsus, de Schutzpatréiner vun de Päerd an Niewepatréiner vun der Uesweller Kierch, zu Uesweller veréiert. No enger feierlecher Mass zu Éiere vum hl. Celsus, déi de Lëtzebuerger Weibëschof Mgr. Leo Wagener um Ouschterméindeg gehalen huet an déi duerch de Gesank vum Männerchouer vu Béiwen un der Atert verschéinert gouf, sënn enger aler Traditioun no d’Trakteren, d’Autoen, d’Vëloen an aner Gefierer geseent ginn. Wéi schonns zejoer hu leider erëm d’Päerd bäi der Celsusseenung gefeelt.