Duebelen Anniversaire zu Uesweller

Am Joer 2000 haten d’Feierlechkeete vum 50. Anniversaire vum „Club des Jeunes Uesweller“ (gegrënnt de 24. November 1970) a vum 20. Anniversaire vun der „Amicale vum Club des Jeunes Uesweller“ (gegrënnt den 18. November 2000) wéinst der Corona-Pandemie missen ofgesot ginn.


Duerfir gouf den duebele Jubiläum „55 Jar Club des Jeunes Uesweller - 25 Jar Amicale“ lo fënnef Jar méi spéit nogeholl. Enn September haten sech ronn 125 Memberen a fréier Membere vun den zwee Veräiner am Centre Culturel „A Lannen“ zu Uesweller afonnt, fir zesummen ze feieren. Bäi dëser Geleeënheet gouf op méi wéi en halleft Joerhonnert Veräins- an Duerfgeschicht zréckgekuckt, a munnech Spiichten an Anekdote vu fréier konnten opgefrëscht ginn.