Haaptversammlung Lidderuucht Lëtzebuerg

In- an Auslandsoptrëtter annuléiert an op onbestëmmten Zäit verluecht!

D’Generalversammlung vun der Lidderuucht Lëtzebuerg, am Centre Culturel Hollerech, stoung ganz am Zeechen vun der Pandemie mat deenen noutwendegen Restriktiounen. Well nach kee neien President do ass, huet de Vize-President François Harsch déi aktiv an inaktiv Memberen begréisst a verschidden Mercien ausgeschwat mat uschléissend enger Gedenkminutt fir déi verstuerwen Memberen aus deem vergaangene Joer. Duerno huet hien kuerz déi aktuell Situatioun ugeschwat mat wéineg aktivitéit awer héijen finanziellen Ausfäll. Am Rapport vun der Sekretärin, Hornick-Hoffmann Geneviève, war ze héieren dass eigentlech schonn am Januar e gutt gefëllte Programm fir d’Joer 2020 feststoung mat 20 Optrëtter, dorënner 2 Auslandsoptrëtter. Participatioun um “World folklore festival San Remo-Diano Marina-Cannes, an en Optrëtt coordonéiert duerch d’UGDA am Kader vun der CIOFF op der Folkloriada zu UFA an Russland. Leider hunn all Optrëtter missten wéinst dem Covid ofgesot ginn a goufen gréisstendeels op dëst Joer verluecht. Wéi mer elo wëssen sinn all Optrëtter op onbestëmmten Zäit ofgesot. 6 Prouwen konnten ofgehal ginn wéi och 6 Comitéssëtzungen. De Marc Wenner gouf als Comitésmember bestätegt.

Finanziell gouf d’Joer mat engem Mali ofgeschloss, keng Optrëtter awer d’Ausgaben bleiwen. De Keessier, Stemper Carlo, war erfreet an huet Merci gesot fir en Subside vum Kulturministère deen duerch d’Coordinatioun vun der UGDA zustane koum. Zwar nëmmen eng Drëps op e waarme Steen awer ëmmerhinn. Hien huet och drop higewisen dass d’Gemeng do net esou flexibel ass, esou dass mer 20€ musse bezuelen fir am grousse Sall kënnen ze prouwen.

Wéinst der aktueller Situatioun si keng Medaillen verdeelt ginn, gëtt awer spéider nogeholl.

De Chef, Claude Hornick, wollt kee Programm presentéieren, well dat momentan kee Sënn ergëtt, huet awer drop higewisen, dass d’Prouwen wichteg sinn an ënner gewëssen Konditiounen och ofgehale ginn, och wann dat onverständlecherweis 20€ kascht.

Ofschléissend bei der fräier Aussprooch waren nach Froen iwwert d’Auslandsoptrëtter an och iwwert déi 20€ un d’Gemeng Lëtzebuerg.
Infoen op www.lidderuucht.lu