Renée a Fred Ott- Reuter feieren gëllen Hochzäit


Hënsdref: D’Renée an de Fred Ott- Reuter vun Hënsdref hun sech den 10. Mäerz 1973 d’Jowuert gin an viru kuurzem haaten di zwee, d’Famill a Frënn invitéiert, fir dat schéint Fest vun der gëllen Hochzäit können zesummen ze feieren. D’Renée Reuter koum aus dem Pafendall an hire Mann, Fred Ott ass e Kölche Jong. Säit 46 Joer wunnen sie an hirem Haus zu Hënsdref an der Gemeng Luerentzweiler. Aus hirem Bestiednis sin zwee Meedercher an e Jong erviergaanen. Haut ass d’Famill ganz stolz op hir vier Enkelkanner. De Fred huet a sengem aktiven Berufsliewen beim Europäischen Parlament sengt deechlicht Brout verdingt a seng Fra Renée huet bei der Commerzbank geschafft a war spéider fir hir Kanner do. Di zwee fueren gären mam Camper a genéissen esou hirt Liewen. De Fred als Hobbykach an och als Lego- Fan an d’Renée als Reesbegleederin bei ULT. Bei engem deftigen Festmenü a flotter Ënnerhaalungmusik mam Nico Wallisch op senger Harmonika huet dess schéi Feier no e puer angenehmer Stonnen a flotter Gesellschaft hirt würdigt Ënn fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)