D'Cadets vun der Entente Hostert/Lënster klammen an di IV.Klass

Duerch e verdéngten 3-1 Erfolleg um Terrain Kuerzwéckel zu Konsdrëf géint d'Entente "Petite Suisse" huet d'Ekipp vum Trainer Marc Lück sech fréizaiteg den Opstieg an di 4.Klass geséchert.
Flott erausgespillten Goler hu geschoss de Jim Goergen, Raoul Theisen an Erwan Deshoux, an d' Ofwier huet naischt unbrennen gelooss an di 3 Ponkten sécher heem bruecht.
No 7 Victoir'en an engem Glaichspill sin d'Borschten houfreg, sech nom Wanter eng Klass méi héich kënnen ze presentéieren.
Elo gëllt et och an der Hal am FUTSAL e flott Resultat eraus ze spillen.
Den naechsten wichtegen RDV ass den 8.Dezember an der 1/4 Finall vun der Coupe géint Fola.