Flotten Saison - Ofschloss bei der Jugend vum Lënster Fussball

Net nemmen d'Dammen an d'éischt Ekipp vum Lënster Fussball hun dëst Joër Grousses geleescht, mee och den Nowues huet sai Bescht gin fir gudd Resultater ze maan - an dofir ass all Nowuesspiller läschten Sonndeg geéiert gin!
Traditionnel stin di méi "serieux" Matcher Kanner - Elteren um Programm, wou de FairPlay an de Jux grouss geschriwwen gin: Bambinis, Pupilles, Minimes konnten sech géint hir Elteren duerchsetzen, bei de Poussins a Scolaires hun d'Elteren gewonn.
Verbonnen mat engem flotten Grillfest mat Eisenkucken an Taart huen d'Jugend mat den Elteren e flotten Dag verbruecht.
All Spiller krut e Rucksak oder eng Sportstäsch offréiert, déi finanzéiert gouwen mat de Suen déi d'Jugendkommissioun dest Joër mat hirer Buvette an hiren Tournoi'en gesammelt hun.
Dem President Nico Schintgen huet d'Spiller all geluewt an gehofft, dass si "bei der Staang bleiwen"! Op d'Jugend vum Lënster Fussball kann een zielen

Elo ass awer emol Paus, an am September geet et mat neier Begeeschterung erem lass.