Lidderuucht zu Jonglënster am CIPA

Éischten Optrëtt no Covid Zwangspaus

D’Lidderuucht war houfreg fir neess d‘lëtzebuerger Lidder, no der Zwangspaus, beim a mam Vollek ze sangen. All Optrëtter hu missten ofgesot ginn a sollen nogeholl ginn! Beim Optakt zu Jonglënster am Cipa vun der Croix-Rouge war d‘Freed grouss, net nëmmen bei den Awunner, mee och bei der Lidderuucht. Mat Lidder ewéi: D’Kiermes am Duerf; Kättche,Kättche; d’Hechtecher; Un der Atert; ..... a villen aneren, war d’Begeeschterung grouss fir zesummen ze sangen. Mam Ofschlosslidd „Eddi bis geschwënn“ gouf dat ausgedréckt wat jiddereen sech gewënscht huet! E flotten lëtzebuerger Lidder-Nomëtteg, oder Owend, mat der Lidderuucht. D’Lidderuucht ass prett. www.lidderuucht.lu