Minimes vum Lënster Fussball an der Finall vum FUTSAL 2013

3 Mol di éischt Plaz an der Qualifikatiounsronnen
15 Mätcher gewonnen an 3 Mätcher glaichgespillt
daat ass d'Bilanz vun de Minimes vum Lënster Fussball
um Wee an d'Final vun der LALUX -FUTSAL Wantermeeschterschaft an der Haal ....
an d'Jongen hu Loscht op méi!

Ennert dem Impuls vum Pierre Schmitz waerten si e Sonndeg de Moien ab 9h
zu Nidderanven an der Sportshal alles gin fir den Landesmeeschtertitel op Lënster
ze huelen!

Kommt si kräfteg ufeieren an ënnerstetzen, si hun et verdéngt!