Raiffeisen Cup 2013 : e flotten Erfolleg!

Ufank Mee haat d'Jugendkommissioun vum Lënster Fussball op di zweet Editioun vum Raiffeisen Cup invitéiert, en Tournoi fir Minimes, Poussins, Pupilles an Bambinis.

D'Organisateuren haten net de Kapp an de Wolléken, hun awer oft no uewen gekuckt ob d'Wieder giff matspillen, an si haten Chance. Vill Elteren hun hir Kanner begleet fir flotte Fussball ze kucken, dëst Joër war esou guer di franséisch Ekipp vun Hettange -Grande derbai.

D'Gewënner an de verschiddenen Kategorien waren:
Minimes: Jonglënster
Poussins: Remich-Bous
Pupilles: Stesel
Bambinis; Mensdorf

Mat den Suen, déi gesammelt gouwen, waert d'Jugendkommissioun um Ofschlossfest den 30.Juni all Spiller e Kado iwwerreechen - e Merci geet un de Sponsor "Caisse Raiffeisen" an och un all Elteren, déi eng Hand mat ugepaak hun!