Dem Catherine Nepper- Engel zum 90. Gebuertsdag gratuléiert


Kietscht: Gut versuergt bei hirem Jong, Fränk, konnt d’Catherine Nepper- Engel viru kuurzem hiren 90. Gebuertsdag feieren. D’Gebuertsdagskand ass den 13. Mee 1933 als dat eelst vu 4 Kanner zu Bauschelt op d’Welt komm, Hir Elteren waren den Josi Engel vu Béiwen um Stau an d’Olga Heinen vu Syr. Den 10. September 1961 ass Hochzäit gefeiert gin mam Norbert Nepper vu Foulscht, wou si duerno zesummen zënter 1967 zu Rammerich gewunnt hun an och do den Norbert e Wäinhandel bedriwwen huet. E Jong an eng Duechter hun no an no d’Liicht vun der Welt erblëckt. Engt Enkelkand zielt haut zur Famill Nepper- Engel. Leider ass den Norbert Nepper den 17. Mäerz 2016 vill ze fréih, verstuerwen. Fir de Buergermeeschter Toni Rodesch zesummen mat sengem Schëfferot war et eng besonnesch Éier dem Catherine Nepper- Engel mat enger gudd gefëllter Corbeille am Numm vun der Gemeng Rammerich zum 90. Gebuerstdag haerzlich ze gratuléieren an der Jubilaren fir Zukunft derbéi nach Alles Guddes ze wënschen. Duerno ass d’Glas erhuwe gin an op weider zefridden Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)