E Buch vun de Schoulkanner fir de gudden Zweck

900 Euro un d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn iwerginn

Kietscht: „Ein unerwartetes Spiel“ heescht dat klengt Buch mat 19 Säiten, dat, gefëllt mat Illustratiounen, Opnamen an Texter iwert eng flott Geschicht erzielt. Mat vill Freed a Fleiss hun d’Schoulkanner aus dem Zyklus 3.2 D aus der Zentralschoul vu Kietscht desst klengt Konschtwierk zesummen mat hirer Joffer Marianne Kellen realiséiert. Den Drock vum Buch ass gesponsort gin vun EducDesign. Zu einem ganz soziale Präis ass dest klengt Buch an enger Schoulpaus am November an och um Krëschtmaart dunn gut verkaaft gin. Mat berechtigtem Stolz konnten d’Schoulkanner kiirzlich den Erléis am Kader vun enger Scheckiwerreechung vun 900 Euro un di Responsabel vun der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn (ASA) iwwereechen. Verbonne mat hirem oprichtige Merci fir de schéine Geste, huet d’Nelly Nash d’Vereenegung ASA mat hire Projete kuerz virgestallt an de Kanner bei enger praktescher Virféierung vun engem Hond, huet dess Scheckiwerreechung och mat engem grousse Merci vun der Schëffin Myriam Binck fir d’Engagement vun de Kanner mat hirer Léierin hire würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charel Reiser)