Schoulsportdag fir de gudden Zweck- Erléis vun 16 800 Euro weidergin



Kietscht: Eng wonnerbar Iddi an déi an Dot ëmzesetzen, dat war d‘Léierpersonal aus der Zentralschoul vu Kietscht hire Gedanken, an dest am Kader vun hirem Schoulsportdag. Si haaten nämlich eng Art Spendenmarathon organiséiert an dobäi Sue gesammelt, fir un zwou Organisatiounen ze spenden fir och zwéin vun de Schüler aus dem Cycle 4 déi allen zwee ënnert enger schwéierer an onheelbarer Krankheet musse leiden, ze ënnerstëtzen. Am Virfeld vun der Scheckiwerrrechung a Präsenz vum Léierpersonal an den Elteren vun de betraffene Kanner huet de Präsident Paul Hermes, all denen di gehollef hun, der Gemeng mat alle Sponsoren e grousse Merci gesoot dat desen Dag e groussen Erfolleg konnt gin an dobéi eng beachtlich Zomm vun 16 800 Euro konnt zesumme kommen. Mat Freed an engem Merci konnten Léa Baulesch an Jacqueline Schickes e Scheck iwert 8 400 Euro entgéint huelen, den der Vereenegung „Wonschkutsch“ zegut komme soll. Fir de weidere Scheck an demselwechten Wert konnt den Direkter Daniel Theisen vun der Vereenegung „ALAN“ (maladies rares) sech freeën. Als Ofschloss hun d’Vertrieder vun denen zwou Organisatiounen hir Arbecht an hiren Asaatz kurz virgestallt, wou déi Spenden och ganz effizient agesaat gin. (CR) (FOTO: CHARLES REISER)