E schéine Geste vum Interesseveräin vu Kéiber

1 000 Euro der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn iwergin

Kéiber: Den Intereresseveräin vu Kéiber gouf am Joer 1990 gegrënnt mam Zil,d‘ Kéiber Leit mat verschidden Aktivitéiten iwert d’Joer ze ënnerhalen. Fir d’Joer 2022 huet de Comité dunn beschloss fir eng Randonnée „12 Stonne Kéiber- Wie klappt de Luc um Klapprad“ den 17. September, ze organiséieren, an een Deel vun deser Veranstaltung mat sportlichem Charakter fir ee gudden Zweck ze spenden. Viru kuurzem konnt de Scheck vun 1 000 Euro am Festsall, vum Kéiber- Veräin mat hirem President Rol Bildgen un di Responsabel vun der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn „ASA“ iwerreecht gin. Verbonnen mat hirem oprichtige Merci fir de schéine Geste huet Nelly Nash, d’Vereenegung – ASA- ouni Gewënnzweck mat hire Projeten kurz virgestallt, den integral vun Spendergelder finanzéiert gett, di fir d’Ausbildung von Assistenzhonn gebraucht gin, fir se dann weider ze vermëttelen. D’Uschaffungskäschten fir een Hond vun der Rass Golden Retriever belaafen sech iwert 17 000 Euro. Seit 2011 vun hirem Bestehen konnten schon 60 Honn ausgebild a weider vermëttelt gin, dovunner eleng 10 Honn nëmmen mat der Sammlung a Verkaaf vun de Stöpp.. Ausserdem sin schon iwert 500 Tonnen Plastikstöpp an der Zeit gesammelt gin, déi och wesentlich zum Finanzement vun desem Projet beigedroen hun. No enger praktischer Virféierung vun den Honn, huet dess Scheckiwerreechung hiren würdigen Ofschloss fond. Di nächst Ausgab zu Kéiber ass fir den 16. September 2023 schons programméiert.(CR) (Foto: Charles Reiser)