Fraen a Mammen Leideleng spenden iwwer 10.000 Euro

D'Fraen a Mammen vun Leideleng waren 2016 ganz aktiv an dat huet och seng Frrichten bruecht : Schecker am Wäert vun iwwer 10 000 € konnten an der Generalversammlung Ufank dëst Joers iwwerreecht gin!

Sou gouf et en Don an Héicht vun 5000 € fir d’Caritas Lëtzebuerg fir den Projet "Classes Passerelles" ze ënnerstëtzen, och 5000 € sin un d’Maternité Cathérine Huberty am Burkina Faso gaangen an d’ACFL-Solidaritéitsaktioun "Entwecklung duerch Bildung – e Projet fir Frae vu Lima am Peru." kruten 500 €.

D'Vertrieder vun denen éischten zwou Associatiounen haten bei der Versammlung och d'Geleegenheet hier Organisatiounen virzestellen.

Mat all den Aktivitéiten déi fir 2017 geplangt sin, hoffen d'Fraen a Mammen natierlech genau sou en gutt Resultat ze verzeechnen.