KOLPING LËTZEBUERG AM LËTZEBUERGER KANNERDUERF

Een Don vu 5.000 € un d’“Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf“


Miersch. Den 28. Juni hu Vertrieder vu Kolping Lëtzebuerg d’Kannerduerf zu Miersch besicht. Am SOS Kannerduerf Lëtzebuerg wunne Kanner, deenen hir Elteren net kënne fir si suergen. D’Educateuren versichen de Kanner a deene Jugendlechen e stabilt Doheem ze ginn, an dem se eng Méiglechkeet hunn, traumatesch Erliefnisser ze iwwerwannen an sech ze entwéckelen. Et ass wichteg des jonk Léit ze ënnerstëtzen. Mir vu Kolping Lëtzebuerg hunn daat duerch een Don vun 5.000 € gemeet. Duerch den Erléis vun eiser Kleedersammlung iwwer d'Container- an och déi landeswäit d’Stroossesammlung, all Joer den 3. Week-End am September, ass et eis méiglech verschidden Organisatiounen ënner d'Aerem ze gräifen an an der 3. Welt Projet'en aus- an duerchzeféieren. Dofir ënnerstëtzt och Dier d’Kleedersammlung vu Kolping Lëtzebuerg de Weekend vum 21/22. September. Sou kann eis ONG, duerch Är Mathëllef, sech weider sozial engagéieren.

(Text: Marie-Jeanne Brauch-Klein / Foto: Fernande Bormann-Kayser