2. Editioun "Kids Challenge" zu Mierschent

Leschten Sonnden hun "Di Merschter" op di 2. Editioun vun hiirem "Kids Challenge" invitéiert. Ganz vill Kanner hun op deenen verschiddenen Spiller, déi si nët am Alldag begéinen, hiirt Kënnen bewisen. An der fir de Verkéier gespaartener Buerestrooss gouf gebaggert, mam Bou geschoss, Go-Kart gefuer, Bazooka geschoss, Katamino gespillt, a villes méi. D'Pompjeeën vu Weller hun hiirt Asatzmaterial ausgestallt an d'Kanner erausgefuerdert beim Heiser läschen. D'Elteren hu nogekuckt, ugefeiert oder sech et gudd huele gelooss bei engem Patt oder engem gudde Maufel. Fir jiddfereen war gesuergt. Di beschten Equipen kruuten e flotte Präis a jiddfer Kand as mat engem schéinen T-Shirt belount gin.

Äifreg gett elo schon un der Editioun vun 2018 geplangt fir erëm esouvill wéi méiglech Kanner kënnen ze begeeschteren.