Eng propper Gemeng

Dëser Deeg stoung d'Fréijoersbotz an der Gemeng Pëtschent um Programm. Zesumme mat sämtleche Veräiner ass laanscht d'Stroossen, Weeër an Haiser um Bierg an am Dall vum Gemengenterritoire gebotzt ginn. Vill Dreck hunn di 161 fräiwëlleg Botzerten zesumme gedroen. Als Belounung ass jiddereen op eng gutt Zopp an de Pompjeesbau invitéiert ginn. Desweideren iwwerweist d'Gemeng 10 Euro un Télévie fir all Awunner dee mat gemaach huet.