Scheckiwwerreechung zu Mierschent

Zu Mierschent waren se dëser Deeg zimlech spendabel. Gläich 2 Schecken hunn Di Merschter A.s.b.l am Kader vun hirer Generalversammlung ausgedeelt. Vum Erléiss aus de ville Manifestatiounen iwwert d'Joer, goungen eemol dausend Euro un d'Asbl "ALAN, Maladies rares Luxembourg", an en aneren Don vun dausend Euro goung un "Fondatioun Autisme Luxembourg". Di Responsabel vun den 2 Associatiounen hunn dovu profitéiert fir sech an di verschidde Projete virzestellen wou d'Suen investéiert ginn. Zesumme mat den Duerfleit gouf dunn bei engem gudde Patt den Owend verbruecht.