Kids Challenge 2019

Bei herrlechem Wierder huet den Duerfklub "Di Merschter" nees dëst Joer hiren "Kids Challenge 2019" zu Mierschent organiséiert. Eng 70 Kanner, am Alter tëschent 4 an 12 Joer, konnten an enger fir de Verkéier gespaarter Strooss eng ganz Rei vu Spiller bezwéngen, sou wéi Torwand schéissen, Bagger fueren, Katamino spillen, Nerf Schéissen, iwwert eng Schwarzseef-Rutsch flitzen, Go-Kart Rennen, Sprangschlass, Ballon schéissen, Hëndernislâf, ferngesteiert Autoen oder Inte fëschen. Mat um Rendezvous waren dëst Joer d'Pompjeeën an d'Jugendkommissioun vun der Gemeng Pëtschent. D'Eltere konnten entweder mat hire Kanner op den Tour goen oder bei engem Hamburger oder engem gudde Patt beim Festsall, um Ufank vun der Strooss, sech et gutt huele loossen.

Um Enn vum Dag goufen di beschten Equippe mat engem Präis belount a jiddwer Kand krut en flotten T-Shirt vun eise Sponsoren ausgedeelt.