Kids Challenge zu Mierschent

No 3 Joer Paus gouf den 18. September zu Mierschent erëm den traditionelle Kids Challenge vun den "Di Merschter" organiséiert. Verschidden aussergewéinlech Spiller fir Kanner tëscht 3 an 12 Joer ginn an enger, fir de Verkéier gespaarter Strooss opgeriicht. D'Eltere ginn entweder mat op den Tuer oder bleiwe beim Festsall fir eppes Guddes ze drénken oder ze iessen. Ronn 51 Kanner aus der Gemeng Pëtschent an Ëmgéigend waren dëst Joer mat dobäi. Nom Challenge kruten di bescht Equippen nach e flotte Präis an all Kand wou mat gemaach huet gouf mat enger flotter Turn-Posch belount.