Fetten Donneschdeg zu Mierschent

Sou wéi de Brauch zu Mierschent et wëll, sinn um fetten Donneschdeg nees di kleng Fuesboken ënnerwee gewiescht. Vun Haus zu Haus sinn si gereest fir Séisses a Bores bei den Duerfleit ze sammelen. No deem ustrengenden Tour ass dunn am Festsall opgedeelt an nach gutt gefeiert ginn.