Kaffiskränzchen vun der Chorale

Ufanks Januar huet d'Chorale St.Hubert vu Mierschent nees op hiren traditionellen Kaffiskränzchen op Weller an de Sall invitéiert. Vill Leit si komm fir an der Gemeinschaft e gutt Stéck Kuch mat enger Taass Kaffi ze genéissen an esou d'Chorale fir dat neit Joer ze ënnerstëtzen. Donieft goufen et ganz vill schéin Präisser an deenen etlechen Tombolaen ze gewannen. De ganzen Mëtten gouf esou zesummen diskutéiert, gelaacht an sech verwinnt.

D'Chorale hat awer och di grouss Éier e Scheck am Wäert vun 1.500 Euro un d'Associatioun "Aide aux enfants handicapés" ze iwwerreechen. Dësen Erléis koum zesummen während hirem Chrëschtconcert am Dezember an der Kierch zu Mierschent, zesummen mat der Chorale vun Miersch.