Kids Challenge 2018

Bei herrleschem Wierder huet dëst Joer di 3 Oplag vum "Kids Challenge 2018" zu Mierschent statt fonnt. Ronn 70 Kanner, am Alter tëschent 4 an 12 Joer, konnten an enger fir de Verkéier gespartener Strooss eng ganz Rei vu Spiller bezwengen, sou wi Bagger fueren, Bulli geheien, Katamino spillen, Bou schéissen, Go-Kart Rennen, Sprangschlass, Bottenlabyrinth, Hëndernislâf, ferngesteiert Autoen oder Inte fëschen. D'Elteren konnten entweder mat hiire Kanner op den Tour goen oder bei engem gudden Patt an der Sonn, am Ufank vun der Strooss, sech et gudd huelen loossen.

Um Enn vum Dag goufen di beschten Equipen mat engem Prais belount an jiddfer Kand kruut en flotten T-Shirt vun eisen Sponsoren ausgedeelt.

Den Duerfveräin "Di Merschter" Asbl huet fir daat nächst Joer schon erem vill Iddien fir flott Spiller.