KIDS CHALLENGE zu Mierschent

Bei guddem Wierder gouf dëst Joer zu Mierschent, amplaz vum traditionellen Rallye, en "Kids Challenge" vum lokalen Duerfklub, organiséiert. An der vum Verkéier gespaartener Buurestrooss konnten d'Kanner, alleng oder am Team, flott Spiller an Erausfuerderungen meeschteren. Hei gouf geridden, geschoss, gerannt, gefëscht an gelaacht. Um Schluss krut all Kand als Belounung e flotten T-Shirt an di beschten Equipe eng lecker Corbeille.
De ganzen Dag iwwer konnten d'Elteren hire Klengsten bei engem killen Patt an engem gudde Maufel nokucken a matféiweren.