Am Asaz fir eng méi propper Ëmwelt

D’Ëmwelt-, Verkéiers- a Klimakommissioun vun der Gemeng Rouspert-Mompech huet dëser Deeg an Zesummenaarbecht mam „Service forestier“ d’Grouss Botz an der Natur organiséiert. Ronn 70 Awunner aus de verschiddenen Dierfer vun der Fusiounsgemeng hu sich un dëser Aktioun bedeelegt an hunn den Offall laanscht d’Stroossen, Weeër a Pied agesammelt.