Well Kraider zu Uewerkäerjeng - aus der Natur op den Dësch.

Kaiserwieder zu Uewerkäerjeng: an idyllesch Kulisse - virun deen ale Wäschbuer - hat de "Gaart an Heem Uewerkäerjeng" dëser Deeg interesséiert Memberen agelueden: fir un enger Kraiderwanderung Deel ze huelen.

Hier Entdeckungsfreedegkeet gouf prompt belount, well d'Madamm Hoffmann - diploméiert Kraiderpedagogin - wousst souverän an op Anhieb ze iwwerraschen a begeeschteren. Fonnt, erkläert a bestëmmt goufe e sëllege frësch Kraider äus ongedüngte Wisen, an dat in Hülle und Fülle: eng richteg Pracht. Virsiichteg gouf grad esouvill agesammelt, ewéi néideg war, fir nëmmen zwou Stonnen drop gemeinsam e leckert Mëttegiessen op den Dësch ze zauberen. Köstlech huet dëst alle gefall a geschmaacht, wéi hier zefridde Gesiichter verroden hunn. A refaire.