Am Oktober war et nees esou wäit: eng laangjäreg Traditioun ass nei opliewe gelooss gin. Monter 65-jähreg Meedercher a Jongen aus den Uertschaften Nidderkäerjeng, Uewerkäerjeng a Lénger hate sech hei nees zesummegefonnt, fir ee ganz sympathesche "Conveniat" ze feieren.
D'Initiativ ergraff hat een engagéierten Organisatiounscomité, deen sech aus dem Här Carlo Loes, der Madamm Simone Toussaint, der Madamm Jeanny Romé an dem Här Johny Miller zesummesetzt. Si haten insgesamt 52 Ancien'en ugeschriwwen, wouvun 29 begeeschte Leit ugetruede waren.
Eier gefeiert gouf, huet sech dësen äerdege Grupp nach op de Wee an déi Nidderkäerjenger Kierch gemaach, an huet do Blummen néiergeluecht. Bei dëser Geleeënheet huet si den Abbé Romain Gillen perséinlech empfaangen, sichtlech erfreet iwwer dëse schéine Geste. An esou ass de Start an dësen Owend dann och reiwiungslous verlaf.
No dësem Accueil huet sech de Grupp op de Wee an dee beschtbekannte Restaurant "Le Pigeonnier" zu Nidderkäerjeng gemaach - eng Adress, déi sech als exzellente Choix erwisen huet.
Et huet een nämlech schonn eng Partie Rendez-vousen hanner sech: Nom 50-Joer-Conveniat vun 2010 war d'60-Joer-Feier allerdéngs leider an d'Corona-Joer gefall an domat ausgefall. Duerfir hat een sech kuerzerhand als 63-Järeger am selwechte Restaurant getraff.
Wéi ëmmer war den Accueil nees tadellos , d'Iessen e Genoss an d'Ambiance häerzlech an entspaant. Bis spéit an d'Nuecht goufen Anekdoten a Geschichten aus der gudder aler Zäit erzielt, et gouf vill a gutt gelaacht. Esou ass d'Zäit am Nu verflunn. Wéi esou dacks huet sech de Grupp och iwwert ee spéideren, neie Projet ausgetosch – et huet een Pläng.
Dës flott Traditioun soll op alle Fall weidergefouert ginn: de Grupp freet sech schonn elo op een nächste Rendez-vous, als rüsteg 70-Järeger, gäre nees am "Pigeonnier".