25ten Ouljer Blummemaart Sonndeg de 6.Mee

06
Mai
2018
06 Mai


De Gaart an Heem Ouljen an d’Ouljer Musek invitéieren ob hire 25.Blummemaart zu Ouljen.

Verkaf vu Blummen an alles fir an a ronderëm de Gaart mat villen interessante Stänn an de Stroosse vum Duerf. Musikalesch Animatioun mat der “Moselle Valley Brass Band” an dem “Sagbuts Quintet”. Vill kulinaresch Spezialitéite wéi e Menü, Gegrills, Eisekuchen, Kuchen an artisanal Glace. Blummentombola mat schéine Gewënner a verlousen vun 2 Tickeeën fir eng Ballonsfahrt iwwer Ouljen.

Offiziell Ouverture: 10.00 Auer