Chrëschtconcert vun der Ouljer Musek

Mat engen usprochsvolle musikalesche Programm huet de Sonndeg den 13.Dezember d’Ouljer Musek op hiren traditionelle Chrëschtconcert an d’Ouljer Kierch invitéiert. E gutt besichte Concert huet op en neits dat grousst Interesse vum Publikum un dëser Manifestatioun ënner Beweis gestallt. Gespillt guefen ënner der Leedung vum Marc Garson beschtbekannte Wierker wéi "Caruso" vum Lucia Dalla , den "Ave Maria" vum J.S.Bach a Charles Gounod, "Hallelujah“ vum Leonard Cohen an "The Feather Song" aus dem Film Forest Gump. Duerno war et dann um Jugendorchester fir hiert Kënnen ënnert Beweis ze stellen. "Il est né le divin enfant", "O, du Fröhliche" an "Jingle Bells" goufe mat Begeeschterung a vill Applaus vum Publikum belount. Leschten Deel vum Concert waren d’Stécker "The Spirit of Christmas“ vum Jacob de Haan an "Rockin’ around the Christmas Tree” vum Johnny Marks. No laangem Applaus huet d’Ouljer Musek dann de Concert mat dem lëschtege Stéck “Christmix” ofklénge gelooss.Duerch de Programm huet de Jim Meisch gefouert. Den Erléis vum Concert geet un d’Hëllefsaktioun "Chrëschten am Sahel" vum Groupe Humanitaire vum Parverband Widdebierg.