Generalversammlung mat Scheckiwwerreechung bei der Ouljer Musek

Generalversammlung mat Scheckiwwerreechung bei der Ouljer Musek


De 13.Januar huet d’Ouljer Musek op hier uerdentlech Generalversammlung agelueden. Net Manner wéi 93 Memberen an Invitéeën hunn sech am Centre Culturel afonnt, dorënner de Buergermeeschter vun der Betzder Gemeng Jean-François Wirtz, d’Schäffen Reinhold Dahlem a Marc Ries, d’Conseilleren Sylvette Schmit-Weigel, Patrick Lamhène, Marc Bosseler a Jim Meisch souwéi den Delegéierten vun der UGDA Norbert Mamer. Insgesamt zielt d’Ouljer Musek 39 aktiv Memberen, dorënner 8 Jugendmusikanten. De Sekretär konnt e gutt gefëllten Aktivitéitsrapport 2018 virdroen mat 16 musikaleschen Optrëtter, dorënner 3 Concerten mam Jugendorchester, an als grousse Rendezvous e Gemeinschaftsconcert mat der Menster Musek am Syrkus zu Rued-Syr ënnert der Baguette vum Dirigent Sigi Garson. Nieft dëse musikaleschen Aktivitéiten huet de Veräin nach wieder 7 Manifestatiounen organiséiert souwéi och en Ausfluch.. Den Tresorier Pierre Paulus konnt mam Bilan 2018 eng gesond finanziell Situatioun presentéieren, déi och vun de Keeserevisoren Michèle Biel an Luc Girst bestätegt goufen.

Folgend Auszeechnunge sinn vum UGDA Vertrieder verdeelt ginn:

Insigne (5Joer) : Maya Olafsdottir

Médaille de mérite en argent (20 Joer) : Jo Scheuren

Médaille de mérite en argent (20 Joer) : Ferd Baulesch

Zum Ofschloss vun der Versammlung huet de President Raymond Lepasch den Erléis vun der Kollekt vum Chrëschtconcert, deen d’Ouljer Musek den 16. Dezember an der Kierch gespillt hat, un de Paschtouer Guy Diederich iwwerreecht. De Betrag vun 1.500 € geet un d’Hëllefsaktioun vum Parverband Musel a Syr "Hëllef fir Jugendlecher am Bangladesch“.